Diskussioun:Βeta-Phenylalkylaminnen

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Les Meloures in Abschnitt Wéi geet et weider

Untitled änneren

Moien,

Wat ass onsubstituéiert. Gëtt et dofir keen direkte positiven Ausdrock. --Les Meloures (Diskussioun) 10:04, 17. Sep. 2012 (UTC)Äntweren

Moien,
onsubstituéiert = net substituéiert. Substitutioun heescht esouvill wéi Austausch oder Ersatz. Ech wéisst do och kee méi positiven Ausdrock.--MMFE (Diskussioun) 14:11, 17. Sep. 2012 (UTC)Äntweren
Kéint et da sinn, datt wann se net substituéiert sinn, se einfach natierlech sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 14:27, 17. Sep. 2012 (UTC)Äntweren
Villäicht ass den Auteur vum Artikel jo nach net ganz fäerdeg domat a mir kréien nach eng Äntwert op déi Fro.--MMFE (Diskussioun) 19:44, 17. Sep. 2012 (UTC)Äntweren
Moien,

onsubstituéiertass eben ouni daat nach Atomer mam Haaptkrees verbonne sinn an desem Fall. Natirlech ginn et der och awer daat sinn net dei onsubstituéiert ... et ass eng cheemesch Famille an d'Natur mescht nunmol net emmer nemmen dei einfachst Substanzen mee dei dei dem Erzeuger vum Stoff hellefe ( z.B. 3,4,5-Trimethoxyphenylethylamin deen aa Kaktusen firkennt http://de.wikipedia.org/wiki/Mescalin ). Den Artikel as nach net faerdeg... ech wollt nach mei iwwer Struktur-Wirkungsbezéihunge schréiwe (Stereocheemesch Faktore, Enantioselektiviéit) an nach ee puer allgemeng Wierder iwwert Synthese (kee Kachrezept, well dei hei Stoffer ginn och vun Leit doheem gemeet an bon et ginn zwar bestemmt Rezepter online mee et muss ee jo net soueinfach maan). Well d'Wierkungen lo vun Substanz zu Substanz ennerschiedlech sinn wollt ech an den individuellen Artikelen vun den Haaptbespieler genau dodrop agoen. Momentan gefällt mer de Layout net vum Artikel.... ass alles bessi verrutscht... glucius 02:16, 18. Sep. 2012 (UTC)

Wéi geet et weider änneren

Duerch Austausch oder Wiessel vu verschiddene Positioune vun engem oder puer Substituenten um Phenyl-Rank oder un der Säiteketten.

Do schéngt mer eng Parti vum Saz ze feelen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:26, 18. Sep. 2012 (UTC)Äntweren

*Aschränkung vun der konfomativer Beweeglechkeet duerch Abau vun der Säiteketten am Rank kennt et gären zum Wierkungsverloscht

Bei dësem Saz schéngt och eppes ze feelen --Les Meloures (Diskussioun) 12:34, 18. Sep. 2012 (UTC)Äntweren

Déi wierkungsvollst Preparater sinn an der Positioun 2 a 5 mat meeschte Methoxy-Gruppen substituéiert

Och net sou einfach ze verstoen --Les Meloures (Diskussioun) 12:36, 18. Sep. 2012 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Βeta-Phenylalkylaminnen".