Dilma Rousseff

brasilianesch Politikerin


D'Dilma Vana Rousseff, gebuer de 14. Dezember 1947 zu Belo Horizonte, ass eng brasilianesch Politikerin. Si war vum 1. Januar 2011 bis den 31. August 2016, wéi se duerch en Impeachment-Vote am Senat ofgesat gouf, déi 36. Presidentin vu Brasilien.

Dilma Rousseff
Funktioun
36. Presidentin vu Brasilien
2010-2016
Virgänger Luiz Inácio Lula da Silva
Nofollger Michel Temer
Biographie
Gebuertsnumm Dilma Vana Rousseff
Gebuer 14. Dezember 1947

Zanter der Mëtt vun den 1960er Jore war si a sozialistesche Gruppéierungen aktiv an huet sech an der Resistenz géint d'Militärdiktatur engagéiert, wat hir ë. a. e puer Joer Prisong abruecht hat. Nodeem se fräigelooss gouf, huet se, zesumme mam Carlos Araújo, am Bundesstaat Rio Grande do Sul d'Partido Democratico Trabalhador opgeriicht, an huet verschidde politesch Ämter op lokalem a regionalem Plang gehat. 2000 huet se d'PDT verlooss a sech der Aarbechterpartei (Partido dos Trabalhadores) ugeschloss.

Vum 15. Juni 2005 bis den 1. Abrëll 2010 war si Conseillère a Cheffe de Cabinet vum brasilianesche Staatspresident Luiz Inácio Lula da Silva. Virdru war si ronn zweeanenhalleft Joer Ministesch fir Energie.

2010 huet d'Dilma Rousseff fir d'Presidentschaftswale kandidéiert. Den 31. Oktober gouf si am zweeten Tour mat 55 Prozent vun de Stëmmen, als éischt Fra; zur Presidentin gewielt. Si huet hiert Amt den 1. Januar 2011 ugetrueden.

2016 gouf eng Impeachment-Prozedur géint si an d'Weeër geleet, baséiert um Virworf, si hätt d'Zuele vum Staatsbudget manipuléiert, fir d'Aarbecht vun hirer Regierung an e bessert Liicht ze stellen. Den 31. August 2016 gouf si duerch eng Zweedrëttelmajoritéit am Senat ofgesat.

De Michel Temer, dee virdu Vizepresident war, gouf hiren Nofollger.