Dick Schoof
hollännesche Politiker
Den Hendrikus Wilhelmus Maria ("Dick") Schoof, gebuer den 8. Mäerz 1957 zu Santpoort-Zuid, ass en hollänneschen héije Staatsbeamten a Politiker (ouni Partei). Zanter Juli 2024 ass hie Premierminister vun Holland vun enger Regierung, déi aus 4 Parteie besteet, an déi aus de Parlamentswale vum 22. November 2023 ervirgoung.
Dick Schoof | |
---|---|
Gebuertsnumm | Hendrikus Wilhelmus Maria Schoof |
Gebuer |
8. Mäerz 1957 Santpoort |
Nationalitéit | Holland |
Aktivitéit | Politiker, Fonctionnaire |
Virdru war hie vun 2020 bis 2024 Generalsekretär am Ministère fir Justiz a Sécherheet (Ministerie van Justitie en Veiligheid), vun 2018 bis 2020 Generaldirekter vum Allgemengen Noriichten- a Sécherheetsdéngscht (AIVD) an 2013 bis 2018 Nationale Koordinator fir Terrorismusbekämpfung a Sécherheet (NCTV), souwéi an de fréien 2000er Joren Generaldirekter fir Immigratioun, an da fir d'Police (ugank 2010er Joren).
Um Spaweck
ännerenCommons: Dick Schoof – Biller, Videoen oder Audiodateien |