Haaptmenü opmaachen

Dhiraj Sabharwal

lëtzebuergesche Journalist a Museker

Den Dhiraj Sabharwal ass e lëtzebuergesche Journalist. Hien ass zanter 2017 zesumme mat der Danièle Fonck Chefredakter vum Tageblatt.[1]

Dhiraj Sabharwal
Gebuer 20th Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Gittarist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Ausbildung a CarrièreÄnneren

Den Dhiraj Sabharwal huet op der Schwäizer Université de Fribourg e Master an der Kommunikatiounswëssenschaft an der Mediefuerschung gemaach. Tëscht 2011 an 2015 huet hien als Diplomassistent a Fuerscher um Department of Communication and Media Research vun derselwechter Universitéit geschafft.[2]

Schonn 2005 huet hien als Stagiaire beim Tageblatt ugefaangen a war och nieft Studium a Fuerschung fir d'Zeitung aktiv. 2011 ass hie Redakter am Ressort fir international Politik ginn an huet 2014 d'Leedung dovun iwwerholl.[2] Zu deem Zäitpunkt war hien de jéngste Ressortleeder an der Geschicht vum Tageblatt.[3] 2015 ass hie stellvertriedende Chefredakter a Member an der Generaldirektioun vum Grupp Editpress ginn.[2]

2017 ass den Dhiraj Sabharwal nieft der Danièle Fonck Ko-Chefredakter a stellvertriedenden Direkter vum Tageblatt.[2]

MusekÄnneren

Musekalesch ass den Dhiraj Sabharwal als Gittarist an der Escher Hardcore-Rockband Everwaiting Serenade aktiv.

ReferenzenÄnneren