Departement Indre-et-Loire

franséischt Departement
Indre-et-Loire (37)
Regioun Centre-Val de Loire
Prefecture Tours
Ënnerprefecture Chinon
Loches
Bevëlkerung 596 937 Aw.(2012)
Fläch 6 127 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 19
Gemengen 277

D'Indre-et-Loire (37) ass e franséischt Departement an der Regioun Centre-Val de Loire. Et krut säin Numm vun de Flëss Indre a Loire.

Geschicht änneren

D'Departement gouf zesummme mat deenen aneren 83 éischten Departementer wärend der franséischer Revolutioun geschaf, de 4. Mäerz 1790 (Gesetz vum 22. Dezember 1789), a besteet bal genee aus der fréierer Provënz Touraine, bei déi den Oste vun der fréierer Provënz Anjou derbäikoum.

Den Territoire vum spéideren Departement war och virdru scho wichteg. Am fréie Mëttelalter war d'Prefektur Tours e Léierzentrum. Am Oktober 732 hunn d'Franken ënner dem Kommando vum Karl Martell d'Araber an der Schluecht vun Tours a Poitiers geschloen a sou deenen hire Virmarsch am Weste gestoppt. Vun der Mëtt vum 15. Joerhonnert un huet sech de franséische Kinnekshaff am Dall vun der Loire néiergelooss mat Tours als Haaptstad, wat der Géigend en ekonomeschen Opschwonk ginn huet a vill Buergen a Schlässer entstoe gelooss huet.

Nom Schafe vum Departement blouf et laang politesch konservativ a vun der Landwirtschaft markéiert. Um Enn vum 19. Joerhonnert ass Schwéierindustrie an der Géigend opkomm a Saint-Pierre-des-Corps huet sech zu engem Haaptpunkt am Zuchverkéier entwéckelt. 1920 huet sech déi franséisch kommunistesch Partei um Kongress vun Tours gegrënnt.

Am Zweete Weltkrich huet d'Demarkatiounslinn d'Departement an zwee gespléckt.

Geographie änneren

Indre-et-Loire stéisst un d'Departementer Loir-et-Cher, Indre, Vienne, Maine-et-Loire an d'Sarthe.

Vun Osten no Weste fléisst d'Loire, an déi sech hei de Cher, d'Indre an d'Vienne geheien.

Kuckt och änneren