Departement Eure-et-Loir
Eure-et-Loir (28) | |
---|---|
![]() | |
Regioun | ![]() |
Prefecture | Chartres |
Ënnerprefecture | Châteaudun Dreux Nogent-le-Rotrou |
Bevëlkerung | 422.411 Aw.(2007) |
Fläch | 5 880 km² |
Arrondissementer | 4 |
Kantonen | 29 |
Gemengen | 403 |
![]() |
Eure-et-Loir (28) ass e franséischt Departement. Et ass ee vun de sechs Departementer vun der Regioun Centre; Chef-lieu ass Chartres.
Et huet säin Numm vun den zwéi wichtegste Flëss, déi derduerch lafen: d'Eure, en Niewefloss vun der Seine, an de Loir, Niewefloss vun der Sarthe.
GeschichtÄnneren
Wéi déi meescht Departementer gouf d'Eure-et-Loir an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt, méi genee de 4. Mäerz 1790. Et gouf haaptsächlech aus Deeler vun der fréierer Provënz Orléanais an der Grofschaft Maine, mä och vun der Île-de-France (Drouais, Thimerais, dem Dall vun der Avre, Hurepoix) zesummegesat.
Dat haitegt Departement Eure-et-Loir entsprécht dem fréieren Territoire vun de Carnutes (mat der Haaptstad Chartres, deemools Autricum genannt).
Chartres war e wichtegt Handelszentrum fir Agrarprdukter, an d'Foire vu Chateaudun bis an d'19. Joerhonnert ee wichtegt Dréikräiz fir Wueren.
GeographieÄnneren
D'Eure-et-Loir ass Deel vun der Regioun Centre. Et läit südwestlech vum Paräisser Ballungsgebitt an d'Landschaft ass duerch 3 Couchë vum Paräisser Baseng gekennzeechent: am Norden den Thimerais, am Osten d'Beauce, am Süden den Dunois. Am Weste leien d'Hiwwele vun der Perche.
D'Eure an de Loir sinn déi zwéi wichtegst Waasserleef.
BillerÄnneren
D'Kathedral vu Chartres (Westfaçade)
Château de Châteaudun (Buergfrid a Sainte-Chapelle)
Schlass vu Châteaudun (Trap)
Kuppel vun der Schlasskapell vun Anet
Beffroi vun Dreux
Schlass Saint-Jean zu Nogent-le-Rotrou
Forêt domaniale de Senonches
Château de Villebon
Schlass vu Montigny-le-Gannelon
De Beauce
Abtei Nottonville
Millen zu Ymonville
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Eure-et-Loir – Biller, Videoen oder Audiodateien |