Departement Cantal

franséischt Departement
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Departement Cantal. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Cantal.
Cantal (15)
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Prefecture Aurillac
Ënnerprefecture Mauriac
Saint-Flour
Bevëlkerung 150 772 Aw.(1999)
Fläch 5 726 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 15
Gemengen 251

De Cantal (15) ass e franséischt Departement, an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes, dat säin Numm vun de Bierger huet déi op sengem Territoire leien, d'Monts de Cantal.

Geschicht änneren

D'Departement Cantal ass eent vun den 83 Departementer déi wärend der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. E setzt sech zesummen aus engem Deel vun der fréierer Provënz Auvergne, der Haute-Auvergne.

Geographie änneren

De Cantal gehéiert zur Regioun Auvergne a läit deelweis am Baseng vun der Garonne, an eng kleng Partie am Dall vun der Loire.

E stéisst am Norden un d'Departmenter Corrèze, Haute-Loire a Puy-de-Dôme, am Osten un d'Haute-Loire an d'Lozère, am Süden den Aveyron an de Lot, an am Westen de Lot an d'Corrèze.

Et ass e koppegt Departement, de moyenne montagne a Frankräich genannt, deen aus dem Hiwwele vum Vulkanesche Massiv vum Cantal a sengen Ausleefer besteet. Dee Massiv ass en Iwwerrescht vun engem ale Vulkan, dee mat engem Duerchmiesser vun un déi 60 km de gréissten an Europa ass. Déi héchst Plaz de Plomb du Cantal läit op 1 858 Meter.

Aner héich Plaze sinn:

Op den Hänk vum Massif ginn déif Däller fort, déi an den Äiszäiten duerch d'Erosioun geformt goufen. Si breede sech vum Zentrum radial no alle Säiten aus. Déi bekanntst sinn d'Däller vu follgende Baachen a Flëss: Impradine, Santoire, Cère, Alagnon, Jordanne, Doire a Rhue.

Tëscht deenen Däller leie Plateauen, wéi Planèze a Saint-Flour am Osten, déi zimmlech dréche sinn, a am Westen Salers wou et méi reent.

Déi gréisst Stied sinn Aurillac, Saint-Flour a Mauriac.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cantal – Biller, Videoen oder Audiodateien