Democracy - Im Rausch der Daten
Democracy - Im Rausch der Daten ass en däitschen Documentaire vum David Bernet aus dem Joer 2015.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Däitschland |
Première | 12. November 2015 |
Dauer | 104 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | David Bernet |
Dréibuch | David Bernet |
Fotografie |
François Roland Dieter Stürmer Ines Thomsen Marcus Winterbauer |
Musek | Von Spar |
Schnëtt | Catrin Vogt |
Produzent |
NDI FILM GmbH Arek Gielnik Dietmar Ratsch |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Film weist, unhand vun der Genèse vum Allgemengen Dateschutz-Reglement, de Wee vn enger Propos vun der Europäescher Kommissioun bis hin zu engem adoptéierte Gesetzestext duerch den europäesche Co-Legislateur, d'Europäescht Parlament an de Conseil vun der Europäescher Unioun. Haaptprotagoniste sinn dobäi d'Viviane Reding, Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun a Kommissärin fir Justiz, Grondrechter a Citoyennetéit, an den däitsche gréngen Europadeputéierte Jan Philipp Albrecht, Rapporteur vum Gesetzesprojet.
Soss
ännerenDe Film gouf an Zesummenaarbecht mat de betraffenen europäeschen Institutioune realiséiert. Sou hat d'Equipe vum Film, als éischt iwwerhaapt, Zougank zu Conseilssëtzungen an zu Conciliatiounsverhandlunge vu Kommissioun a Conseil.[1]
De Film krut 2017 den Deutscher Dokumentarfilmpreis. E war och an der Kategorie "Beschten Documentaire" fir den Däitsche Filmpräis nominéiert.
Um Spaweck
ännerenCommons: Democracy - Im Rausch der Daten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiicht iwwer de Film op democracy-film.de
Referenzen
änneren- ↑ democracy-film.de - offiziell Websäit. Gekuckt de 17. Februar 2016.