Debbie Lee Carrington

amerikanesch Schauspillerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Deborah "Debbie" Lee Carrington, gebuer de 14. Dezember 1959 zu San Jose am Bundesstaat Kalifornien a gestuerwen den 23. Mäerz 2018 zu Pleasanton a Kalifornien, war eng US-amerikanesch Film- an Televisiounschauspillerin a Cascadeuse[1]. Si gouf mam Dwarfismus gebueren[2], a war aktiv an US-Filmer mat spezifesche Rollen als Zwergen oder aneren niddereg Personnagen[3].

Debbie Lee Carrington
Gebuer 14. Dezember 1959
San José
Gestuerwen 23. Mäerz 2018
Pleasanton
Nationalitéit USA
Educatioun California-Universitéit zu Davis
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Cascadeur

Si huet hir Carrière 1981 als Filmschauspillerin an 1984 als Cascadeuse ugefaangen[1]. D'Carrington war bekannt mat der Roll als ee vun den zwéi Ewoken, zesumme mat der Kendra Wahl Dall[4],[5]. D'Carrington gouf och mat anere Rollen a Filmer vum George Lucas bekannt[6].

Ausserhalb vun der Schauspillercarrière war si eng aktiv Déiererechtlerin[2]. Si ass gestuerwen am Mäerz 2018, d'Doudesursaach ass onbekannt[7].

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche op IMDb (en)
  2. 2,0 2,1 https://www.nytimes.com/2018/03/29/obituaries/deborah-carrington-58-dies-actress-and-stuntwoman.html
  3. Brad Paulson, Chris Watson. Dwarfsploitation - BearManor Media, 2016 - ISBN 978-1-59393-276-3
  4. https://www.mustangpaper.com/2017/07/25/oklahoma-celebrates-40-years-of-star-wars/
  5. http://www.tulsaworld.com/scene/movienews/star-wars-actors-to-appear-at-center-of-galaxy-festival/article_febd704d-fb8b-587f-b901-ec3a7600c175.html
  6. https://www.endorexpress.net/related/captain-eo/2010/03/debbie-lee-carrington/
  7. https://www.independent.co.uk/arts-entertainment/films/news/debbie-lee-carrington-dies-actress-total-recall-star-wars-age-58-a8281746.html