Dead Man Talking ass e belsch-lëtzebuergesch-franséische Film vum belsche Regisseur Patrick Ridremont, deen och d'Haaptroll spillt.

Dead Man Talking
Film
Produktiounsland Belsch
Lëtzebuerg
Frankräich
Produktiounsjoer 2012
Première 2012
Dauer 101 min
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Patrick Ridremont
Dréibuch Patrick Ridremont
Jean-Sébastien Lopez
Fotografie Danny Elsen
Musek Sylvain Goldberg,
Matthieu Gonet,
Gast Waltzing
Produzent Nexus Factory
Bidibul Productions
Ufilm
Superprod
Schauspiller
François Berléand als de Prisongsdirekter
Virginie Efira als Sekretärin vu Gouverneur
Patrick Ridremont als William Lamers
Christian Marin als Aumônier Georges
Jean-Luc Couchard als de Gouverneur Stieg Brodeck
Olivier Leborgne als säi Porte-parole
Denis MPunga als Giichtchen
Pauline Burlet als Duechter vum Direkter
Leila Schaus als Florence
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat Première den 29. September 2012 um Festival vun Namouer, a koum den 3. Oktober 2012 an der Belsch, an de 27. Mäerz 2013 a Frankräich an zu Lëtzebuerg an de Kino.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De William Lamers ass zum Doud verurteelt a soll exekutéiert ginn. Hien huet per Gesetz d'Recht, eng lescht Deklaratioun ze maachen. Am Gesetz steet awer net, wéi laang déi Deklaratioun dauere kann. A sou fänkt de Lamers mat engem laange Monolog un, an hält an hält net op...

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren