De Steierzuler war eng lëtzebuergesch Partei.

Si ass bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 ugetrueden, wou si am Bezierk Zentrum, deem eenzege Walbezierk, wou s'eng Lëscht opgesat hat, 1,3 % vun de Stëmmen (0 Sëtz) kritt huet.

Bei de Walen 2004 war se net méi derbäi.

Resultat bei de Walen 1999:

Numm Stëmmen
Jemp Bertrand 03.997
Manfred Reinertz 01.650
André Lauer 01.449
Robert Steffen 01.443
Guy Zimmer 01.358
Armand Loehr 01.336
Daniel Humbert 01.299
Total Lëscht 12.532