De Regëster

Skulptur vun der Danielle Wagner

De Regëster ass eng Skulptur vun der Danielle Wagner[1], déi am Joer 2007 virun dem neie Gemengenhaus zu Jonglënster opgeriicht gouf.

De Regëster
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Plaz Jonglënster
Material Stol
Kënschtler Danielle Wagner

Wéi déi Jonglënster Gemeng an en anert Gebai sollt plënneren, ass d'Iddi opkomm, fir e Concours ënner de Kënschtler, déi an der Gemeng wunnen oder schaffen z'organiséieren, fir e Konschtwierk ze maachen, dat virum Gemengenhaus opgestallt sollt ginn.
Matgemaach hunn d'Danielle Wagner vu Jonglënster, de Jean-Claude Salvi vu Beidler, d'Josiane Marschal vu Rammeldang, den Ota Nalezinek an de Romain Schleich, allebéid aus der Buerg.

D'Jury, an där de Georges Calteux, den Adolphe Deville, d'Danielle Kohn, de Michel Petit, de Raymond Tescher an den Téid Weiler waren, huet sech fir De Regëster entscheet.

D'Sculptur ass en iwwerdimensionéiert stole Buch, dat de Regëster vum État civil an d'Wielerlëscht duerstellt. Um Ëmschlag vum Buch stinn d'Nimm vun allen Uertschaften 35 Joer no der Gemengefusioun mat Roudemer.

Referenzen an Notten änneren

  1. Tessy Glodt, Kierchtuerms­promenaden - Jonglënster op tessyglodt.lu, gekuckt de 5. Januar 2020