Dësen Artikel beschäftegt sech mat der satirescher Zäitschrëft 'De Mitock'. Fir de Villche selwer, kuckt wgl. Mitock.


De Mitock, e Wocheblad fir Jux an Zodi war eng lëtzebuergeschesch satiresch Wochenzäitschrëft, déi et vun 1937 bis 1940 gouf.

De Mitock

Déi éischt Nummer koum de 14. Oktober 1937 eraus. De Redakter vun der Zeitung war den Nic Molling (1902-1964). D'Adress war: Michel-Welterstrooss 22, Lëtzebuerg. Eng Eenzelnummer huet ee Frang kascht an d'Quartalsabonnement zéng Frang. Gedréckt gouf De Mitock an der Dréckerei Edouard Nimax. Déi lescht Nummer koum den 10. Mee 1940 eraus, op deem Dag, wou déi däitsch Wehrmacht Lëtzebuerg iwwerfall huet.[1]

De Mitock war antifaschistesch orientéiert an hat Sympathië fir d'Kommunistesch Partei.[1]

Firwat d'Zeitung den Numm vum Mitock gedroen huet, ass net vun der Redaktioun erkläert ginn. Warscheinlech wéinst dem Federschopf vum Vull, mengt de Marc Thiel.[2] Vläicht awer och wéinst dem Gukuk, der satirescher Zäitschrëft, déi vun 1922 bis 1934 zu Lëtzebuerg publizéiert gouf; de Mitock (de Vull) an de Guckuck (de Vull) ginn an dem Volleksglawen dacks associéiert, well deen een (de Mitock) am Fréijoer gewéinlech véierzéng Deeg virun dem aneren (dem Guckuck) nees bei eis opdaucht.[3] Oder awer, well de Mitock, dee fälschlecherweis am Ruff steet, am Géigesaz zu anere Vulle säin Nascht net propper ze halen, scho bei den ale Réimer als Drecksvull, als een, dee säin eegent Nascht beschmotzt, betruecht gouf, e Behuelen, dat hei also am iwwerdroenen a satiresche Sënn éischter positiv ze bewäerte wier.[4]

Literatur änneren

  • Hilgert, R., 2004. Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004. Luxembourg, Service Information et Presse, 258 S. (De Mitock: S. 194-195).
  • Hilgert, R., 2004. Les journaux au Luxembourg, 1704-2004. Luxembourg, Service Information et Presse, 258 S. (De Mitock: S. 194-195). [2]
  • Thiel, M., 1999. Grobe Wahrheiten. Selten ein Schaden ohne Nutzen. Rückblick auf ein Jahrhundert satirische Schriften in Luxemburg. In: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert: 1900-1999. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg, S. 291-298.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Hilgert 2004.
  2. Thiel 1999, S. 295.
  3. Gattiker, E. & L. Gattiker, 1989. Die Vögel im Volksglauben: eine volkskundliche Sammlung aus verschiedenen Ländern von der Antike bis heute. Aula-Verlag, Wiesbaden, S. 265.
  4. D'Luxemburger Wort huet dat anescht gesinn an de 6. Oktober 1937 geschriwwen: Wie verlautet, erscheint demnächst unter Leitung des Herrn Nic. Molling ein humoristisch-satirisches Blatt, das den Namen “De Mitock” führen soll. Der “Mitock” ist bekanntlich der Wiedehopf, jener Vogel, der das eigene Nest beschmutzt. Sollte das Wort Nomen est omen auf die neue Veröffentlichung zutreffen, so hätten wir in Bälde statt des früheren “Guckuck” [sic] einen weniger ansprechenden Vogel im heimischen Blätterwalde. Luxemburger Wort 1937, Nr. 279 (6. Oktober), S. 9 (Notizen). [1]