Daniel arap Moi

Kenianeschen Politiker, zweete Präsident vum Kenia (1978-2002)

Den Daniel Toroitich arap Moi, gebuer den 2. September 1924 zu Kurieng’wo bei Sacho, am Baringo-Distrikt, a gestuerwen de 4. Februar 2020 zu Nairobi[1], war vun 1978 bis 2002 zweete President vum Kenia.

Daniel arap Moi
Gebuer 2. September 1924
Gestuerwen 4. Februar 2020
Nairobi
Nationalitéit Kenia
Aktivitéit Politiker

Hie gouf 1962 Erzéiungsminister a méi spéit am Joer, bis 1964, Minister fir Gemengeverwaltung. 1964 gouf en Inneminister an 1967 Vizepresident, béides bis 1978. Wéi de Papp vun der Onofhängegnkeet, Jomo Kenyatta, den 22. August 1978 gestuerwen ass, gouf de Moi säin Nofollger. 1988, 1992 an 1997 gouf hien als President erëmgewielt. 2002 huet hien net méi dierfe kandidéieren.

Duerch WikiLeaks gouf bekannt, datt de Moi a seng Famill Milliarden u Korruptiounsgelder agestrach hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Daniel arap Moi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Kenias Ex-Präsident Daniel arap Moi ist tot." op dw.com, 2020-02-04.