Den Daniel Wintersdorff (genannt Dan oder Winti) ass den 1. Abrëll 1967 gebuer an huet fir d'Nationalekipp Dëschtennis gespillt.

Daniel Wintersdorff
Gebuer 1. Abrëll 1967
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dëschtennisspiller

Ufäng änneren

Den Daniel Wintersdorff huet als Kand ugefaangen Dëschtennis ze spillen, an ass 1976 Member am Gouschtenger Dëschtennisveräin (DT Sporting 72 Gouschteng) ginn.

Duerno ass hien op Schëffleng gewiesselt an zanter dem Joer 2000 spillt den Dan fir Biissen.

Zanter 2007 spillt hien erëm bei sengem ale Veräin, dem DT Sporting 72 Gouschteng.

Erfolleger änneren

Landesmeeschtertitel:

  • 1989
  • 1997
  • 1998
  • 2001

Gewënner vum Critérium FLTT:

  • 1988
  • 1994
  • 1995
  • 1996