D'Damse Vaart ass e Kanal am Norde vun der belscher Provënz Westflandern. De Kanal verbënnt Brugge (Bruges) mat der hollännescher Grenzstad Sluis. E gouf 1810 op Uerder vum Napoleon ugeluecht, dofir och säin aneren Numm Napoleonvaart.

Damse Vaart vun Damme aus; Um Horizont d'Onze-Lieve-Vrouwekerk vu Bruges

De Kanal hätt solle Brugge mat der Westerschelde verbanne fir sou en Deel vum Kanalsystem a Flandern ze ginn, iwwer dee franséisch Truppe kéinten hin an hier transportéiert ginn ouni Gefor ze lafen, vun englesche Schëffer um Nordmier gepëtzt ze ginn. Mä dem Napoleon seng Néierlag huet dem Bau vum Kanal e provisorescht Enn gesat. Dat Stéck tëscht Hoeke a Sluis gouf eréischt 1856 gegruewen. De Kanal gouf queesch duerch d'Stad Damme gezunn, soudatt eng Rëtsch Biergerhaiser hu missen ofgerappt ginn.

Tëscht Damme an Oostkerke kräizt en de Leopoldkanal an de Schipdonkkanal, déi an der Hallschent vum 19. Joerhonnert ugeluecht goufen. Dofir goufe Kanalbrécke gebaut.

Um Spaweck änneren

Commons: Damse Vaart – Biller, Videoen oder Audiodateien