Den Dallol ass e Vulkangebitt an eent vun den aussergewéinlechste Geothermalgebidder op der Äerd. E läit an der Danakil-Depression am Nordoste vun Ethiopien, no bei der Grenz mat Eritrea.

Spektakulär Faarwen am Dallol.

1926 koum et do zu enger phreatescher Explosioun bei där en 30 m breede Krater entstanen ass. Zanterhir ass d'Aktivitéit op eng grouss Zuel vu gliddege Salzwaasserquelle limitéiert. Dat ganzt 4 km² grousst Vulkangebitt erhieft sech eng ronn 30 m aus enger flaacher Salzgéigend, déi 120 m ënner dem Mieresspijel läit. Gliddegt Grondwaasser, dat duerch 1000 m déck Salz- an Anhydritschichten eropgedréckt gëtt, féiert Mineraler mat sech, déi op der Uewerfläch ofgelagert ginn. Dobäi entstinn déi konterbossegst Formen, déi deelweis u Korallestäck oder Hornitoen erënnern. Wéinst dem Schwiefelgehalt a verschiddene Kaliumsalzer kréie se hir charakteristesch wäiss, giel a rout Faarf.

D'Waasser, dat erauskënnt huet 70 °C an e pH-Wäert vu manner wéi 1, d. h. et ass extreem sauer.

Op der Südwestsäit vum Dallol fënnt een déi sougenannt Salz-Canyons: bis zu 40 m héich Sailen, déi duerh d'Erosioun geformt goufen.

D'Magma läit 3000 bis 4000 Meter ënner der Uewerfläch.

Am Dallol goufe mat 34,7 °C déi héchst Joresmoyenne-Temperaturen op der Äerd gemooss. Et reent praktesch ni do.

D'Wurt Dallol heescht an der Afar-Sprooch Opléisung.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dallol – Biller, Videoen oder Audiodateien