Den D.Harmon, gebuer als D'Anthony Harmon de 17. September 1993 am Arkansas,[1][2] ass e Rapper vun Déifferdeng.[3] Hie rapt op Englesch.

D.Harmon
Gebuer 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper

Säi Papp ass US-Amerikaner a seng Mamm Portugisin. Wéi hie 5 Joer al war ass hien op Lëtzebuerg komm.

2014 ass säi Mixtape Between the Lines erauskomm. Am Abrëll 2016 huet hien den Album Value of Time verëffentlecht, 2019 dunn Value of Time 2.

Den D.Harmon studéiert zënter 2017 zu Austin am Texas,[2] mä bréngt nach reegelméisseg nei Lidder eraus, sou wéi zum Beispill Errbody am Summer 2020, dat an engem Joer iwwer 60.000-mol op Spotify gelauschtert gouf.

Albumen änneren

  • 2016: Value of Time
  • 2019: Value of Time 2

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. rockhal.lu: D'ANTONY HARMON TO SUPPORT KID INK (gekuckt de 24. September 2016)
  2. 2,0 2,1 Tageblatt: Aufgewachsen in Luxemburg / D'Antony Harmon über die „Black Lives Matter“-Proteste in Texas: „D'USA sinn einfach verréckt ginn“
  3. Location op Soundcloud