Döner Kebab, dacks zu Lëtzebuerg Kebab ofgekierzt, kënnt aus dem Tierkeschen döner - eppes wat dréit, a kebap - Grillfleesch, an ass mat dee beléiftste Kascht an der tierkescher Kichen.

Dönerfleesch virum Grill

Den Döner gëtt mat grousse marinéierte Fleeschrondele gemaach, déi, nodeem s'op e vertikale Spiiss gestach goufen, vun engem Säitegrill gebrode ginn. Dovu ginn dann no an no déi baussenzeg Couchë vun uewen no ënne mat engem laange Messer an dënnen Tranchen erofgeschnidden.

Eigentlech gëtt fir den Döner Kebab Hämmel- oder Lamfleesch gebraucht. Baussent der Tierkei sinn d'Dönere meeschtens aus Dinde, Kallef- a Rëndfleesch.

Dat gebrodent Dönerfleesch gëtt meeschtens an engem Pidebrout oder als Dürüm-Variant, gemëscht mat kleng geschniddenem réie Geméis wéi Tomaten, Laitue, Kabes, Ënnen oder Mais, zerwéiert. Dorop kënnt gewéinlech eng wäiss Zooss (op Basis vu Yughurt mat Knueweléck).

An den 1970er Joeren koum de Kebab mat der tierkescher Immigratioun an Däitschland, an eppes méi spéit och a Frankräich.

A puncto Geméis ginn et Variante jee no Land. A Frankräich ass d'Basis-Fëllung, nieft dem Fleesch, Zalot, Ënnen an Tomaten, iwwerdeems an Däitschland zousätzlech rouden oder wäisse gehuwwelte Kabes derbäikënnt. An der Belsch, wou à la base déi franséisch Variant gemaach gëtt, komme gäer e puer Fritte mat dran. Och bei den Zose ginn do méi Vatiatiounen ugebueden.

Zu Lëtzebuerg gouf et 2024 ongeféier 140 Kebab-Verkafsplazen. Si gi gréisstendeels aus Däitschland beliwwert, vu wou déifgefrueren Dréispiisser mat 5 bis 40 Kilo Fleesch - dat bannent engem Dag verbraucht muss ginn - geliwwert ginn.[1]

Um Spaweck

Commons: Döner Kebab – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Quell, wou net aneschters uginn: France Clarinval: "Le kebab à la table döner." d'Lëtzebuerger Land 25.10.2024, S.11-12.