Cretacolor
Cretacolor ass eng éisträichesch Bläistëft-Fabrick zu Hirm am Burgenland.
Nodeem Koh-i-Noor Hardtmuth AG 1996 Faillite gemaach hat, huet d'Heinrich Sachs KG d'Fabrick mat de Maschinnen iwwerholl, a se Cretacolor genannt.
D'Produktioun leeft an zwéi Sträng:
- fir d'Schoul:
- Art Material-Serie fir Kënschtler:
- Bläistëfter an 20 verschidden Häerte vun 9B bis 9H.
- Monolith, Bläistëfter aus purer Graphitminn, déi just lackéiert sinn
- Chunky Graphite, déck a kuerz Graphitstaangen
- Kuelestëfter
- Rötelstëfter
- Sepiastëfter
- Kräiden
- Aquarellstërfter an 72 Faarftéin
Cretacolor-Produkter ginn an der ganzer Welt verkaaft.