Courtney (Moundkrater)
Moundkrater
De Courtney ass e ganz klengen Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit, um südwestleche Rand vum Mare Imbrium, tëscht de Krater Diophantus am Nordwesten an dem Krater Euler am Südosten.
Koordinaten | 25°8'24"N, 30°48'36"W |
---|---|
Duerchmiesser | 1,24 km |
Selenographesch Längt | 31° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Courtney (Virnumm) |
Genannt am Joer | 1976 |
Moundvéiereck | LQ11 |
De Courtney an e puer kleng Uewerflächestrukture an der Noperschaft si verbonne mat hirem Numm um Blat 39B3/S1 (Zahia)[1] vun der Topophotomap-Kaarteserie vun der NASA, déi 1976 vun der I.A.U. iwwerholl gouf.
Dës Uewerflächestrukture sinn:
- Rima Zahia, eng Moundrill ëstlech vum Courtney
- Catena Yuri, eng Kraterkette südëstlech vum Courtney
- Dorsum Thera, en Dorsum südwestlech vum Courtney
D'Nimm vun den Uewerflächestrukture goufen op enger Lëscht vu männleche a weibleche Virnimm an de Proceedings vun der 16. I.A.U.-Generalversammlung zu Grenobel 1976, publizéiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Courtney – Biller, Videoen oder Audiodateien |