Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Conrad "Connie" Glass, gebuer den 20. Januar 1961 op Tristan da Cunha[1], ass en tristanesche Policebeamten, Politiker[2] an Auteur[3]. E Member vum Order of the British Empire[4].

Conrad Glass
Gebuer 20. Januar 1961
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Polizist

Hien huet ënner anerem an de lokale Fëschfabrick a Supermarché geschafft. 1986–87 huet de Glass op St. Helena am Saint Helena Police Service geléiert. Zanter 1990er schafft de Conrad Glass an der tristanescher Police, an am Joer 1998 ass hien op dem Rang vun Inspekter avancéiert[1]. Vun 2007 bis 2010 war hien den Administrateur vun der Island (Tristan da Cunha's Chief Islander)[1]. Zanter 2011 ass de Glass e Member vum Order of the British Empire[5].

Zanter méi wéi 25 Joer ass de Conrad Glass nach (Stand: 2015[6]) den eenzegen aktive Polizist op Tristan da Cunha, deem entleeënsten Archipel op der Äerd mat ronn 250 Awunner a bal ouni Kriminalitéit[7].

Hien ass och bekannt als den Auteur vum Buch iwwer seng Heemechtsinsel, Rockhopper Copper (2005). Faktesch ass de Glass den éischte Schrëftsteller bei den Tristaner[3].

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Archive copy Gearchiveerd op 2014-09-06. Gekuckt de(n) 2014-06-23.
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2014-09-07. Gekuckt de(n) 2014-06-23.
  3. 3,0 3,1 Archive copy Gearchiveerd op 2014-04-07. Gekuckt de(n) 2014-06-23.
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2014-06-23.
  5. https://www.webcitation.org/6QXS8uEz2?url=http://www.tristantimes.com/art_8401_33_31_1.html
  6. https://www.welt.de/reise/Fern/article171510129/Kreuzfahrt-zum-abgelegensten-bewohnten-Ort-der-Welt.html
  7. Archive copy Gearchiveerd op 2014-12-05. Gekuckt de(n) 2014-06-23.