De Congé ass eng Period, wou en Employé am Aarbechtsverhältnes net brauch op senger Aarbechtsplaz ze sinn oder fir säi Patron ze schaffen, an awer dem kontraktuellen Aarbechtsverhältnes weider ënnerläit.

A ville Länner ass eng minimal Zuel vu Congésdeeg, déi een zegutt huet, gesetzlech virgeschriwwen. Zu Lëtzebuerg sinn et z. B. 25 Deeg pro Kalennerjoer.[1] Et ass och an de meeschte Fäll esou, datt de Patron fir déi obligatoresch Congésdeeg d'Pai weider bezuele muss, den Employé iwwer hie verséchert ass, asw. De Congé payé gouf eréischt an den 1930er Joren agefouert a war deemools eppes revolutionär Neies.

Och bei engem Congé de maladie, also wann ee vun engem Dokter attestéiert kritt, datt een net schaffe goe kann oder däerf, (vun him e Krankeschäin kritt), gëtt ee weider bezuelt. Do dernieft gëtt et och nach de Congé politique, de Congé de maternité an de Congé sans solde, d. h., wann ee sech iwwer déi gesetzlech Dauer eraus fräihëlt; an deem Fall kritt ee keng Pai.

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Art. L. 233-4. vum Code de travail.