Concours littéraire national 2008

Am Concours littéraire national 2008, der 29. Oplo vum Concours littéraire national, goung et ëm Reesliteratur. D'Gewënner goufen den 3. November 2008 am Mierscher Nationale Literaturzenter vun der Staatssekretärin fir Kultur, Octavie Modert, ausgezeechent.

D'Laureatin vum Concours ass d'Carine Krecké fir hiert Wierk a franséischer Sprooch Retour au point de non-retour.
De Georges Hausemer krut den zweete Präis fir seng Reesgeschgichten Die heiligen Ratten von Deshnok. Den Numm kënnt vun de Raten am hinduistesche Karni-Mata-Tempel zu Deshnok am indesche Bundesstaat Rajasthan.
Et gouf keen drëtte Präis.

Dem Charel Schiltz säi Bamako, 6 Méint an der Cindi Wilson hiert Leaving Luxembourg kruten eng speziell Mentioun vun der Jury.[1]

Jury änneren

  • Josée Zeimes, Presidentin
  • Guy Bentner
  • Pit Mergen
  • Nicole Sahl
  • Margot Wirtgen-Thilges

Referenzen änneren

  1. "Les lauréats du Concours littéraire national 2008" op gouvernement.lu