Colur
E Colur oder Kolur ass e fréieren Ausdrock fir e Grousskrees op der Himmelskugel, deen duerch déi zwéi Pole leeft (also parallel zu de Längtegrade vun der Äerd).
Et gëtt zwéin essentiell Coluren:
- Den equinoxesche Colur leeft vun de Polen aus duerch de Fréijoers- an Hierschtpunkt, d'Schnëttpunkte vum Himmelsequator mat der Ekliptik.
- De Sonnewenncolur leeft am rechte Wénkel dozou vun de Polen duerch d'Punkte vun der Sonnewenn.