De Colorado-Plateau ass eng Géigend westlech vun de Rocky Mountains am Südweste vun de Vereenegte Staaten, déi aus e puer méi klenge Plateaue besteet. Se breet sech iwwer de Südoste vum Utah, dat nërdlecht Arizona an Deeler vun New Mexico a Colorado aus. Mat enger Fläch vu ronn 337.000 km² ass de Colorado-Plateau bal esou grouss wéi Däitschlad. Säin Numm ass vum Numm Colorado River ofgeleet, dee queesch derduerch leeft an e mat sengen Nieweflëss entwässert.

De Colorado-Plateau am Véierlännereck von Utah, Colorado, New Mexico an Arizona
Geologesch Schichte vum Colorado-Plateau am Grand Canyon.
Fielsformation am Arches-Nationalpark.
Schema vun der Grand Staircase:(A) = Grand Canyon (E) = Zion Canyon (H) = Bryce Canyon.
Blue Mesa am Petrified Forst National Park: gro-blo: Couchë mat Kuelestoff aus organeschem Material: roudelzeg: Couchë mat Eisen, dat un der Loft oxydéiert ass.

De Colorado-Plateau läit an der Moyenne 1500 Meter iwwer dem Mieresspijel. E gläicht enger grousser Schossel, duerch déi, un de geologesche Brochkanten, an do, wou d'Flëss sech an d'Déift gefriess hunn, Verwerfungen, Schluchten, Tafelbierger, natierlech Béi a Sailen duerch Erosioun entstane sinn.

De Colrado-Plateau ass bekann dofir, datt d'Sedimentsschichten, déi sech an Honnerte vu Millioune Joren an engem Mier ofgelagert hunn, haut, wou dat Mier verschwonnen an d'Gestengs eropgedréckt ginn ass, op ville Plazen als Toun oder Sandsteen, resp. Sandteengemësch, oppen do leien. Déi eelst Couchë sinn déi vum Fong vum Grand Canyon, aus dem Prekambrium, déi 600 bis 2000 Millioune Joer al sinn. Duerch d'Erosioun duerch Waasser a Wand vun den ënnerschidlech haarde Gestengscouchë si plazeweis ongewéinlech Formatiounen entstanen, wéi d'Hoodooen am Bryce-Canyon-Nationalpark, oder natierlech Brécken, wéi déi am Arches National Park.

D'geologesch Äerdgeschicht kann un der Grand Staircase studéiert ginn, eng Regioun, wou d'Sedimentscouchë queesch leien an ee se sou horizontal "liese" kann. An der Géigend vum Zion Canyon si se 65 bis 220 Millioune Joer al (Mesozoikum). Déi héchste Stuf vun der Grand Staircase ass de Bryce-Canyon op iwwer 3.000 Meter.

Duerch déi ënnerschiddlech Faarwe vum Sandsteen, jee no Alter, entsti plazeweis imposant Landschaftsbiller. Och d'Canyone vum Colorado River a sengen Nieweflëss wéi de Green River, virop de Grand Canyon a Canyonlands, si weltwäit bekannt. Op anere Plaze sinn et Zeiebierger an Tafelbierger (Butte) laanscht d'Ofbrochkanten, déi, wéi et de Fall am Monument Valley ass, d'Landschaft markéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Colorado-Plateau – Biller, Videoen oder Audiodateien