Col du Bonhomme (Vogesen)

De Col du Bonhomme ass e Col an de Vogesen. E läit op der fréierer Nationalstrooss 415 (haut D 415) an ass e wichtege Col am Biergmassiv vun de Vogesen. All Dag fueren Dausende vun Autoen a Camionen driwwer.

Col du Bonhomme

Land Frankräich
Héicht (Depart) Plainfaing 547 m
Ammerschwihr 235 m
Héicht (Arrivée) 949 m
Längt Depart Plainfaing: 8.000 m
Depart Ammerschwihr: 22.100 m
Koordinaten 48° 09’ 54’’ N 07° 04’ 47’’ O
Denivellatioun Westsäit: 402 m
Ostsäit: 714 m
Pente (Moyenne) Westsäit: 5,03 %
Ostsäit: 3,23 %
Pente (Maximum) Westsäit: 6,50 %
Ostsäit: 7,40 %

De Col läit op enger Héicht vun 949 m a verbënnt iwwer den Dall vu Barançon, vu Plainfaing aus, den Dall vun der Meurthe am Westen, mat deem vun der Béhine am Osten. Um Col kräizt sech d'D415 mat der Route des Crêtes (D148) déi vun Norden no Süde leeft.

Um Col steet e Monument dat un de Generol Bataille erënnert, deen do den 8. September 1914 bei engem däitsche Bombardement mat e puer vu sengen Offizéier ëm d'Liewe koum.

Am November 2014 koumen um Col du Bonhomme de Veräin Initiative pro Pfälzerwald, d'Allianz Energiewende für Mensch und Natur an de Collectif Vosges Horizon Durable zesumme fir e Jumelage tëscht hire Veràiner ze maachen. Et war d'Reaktioun op e Projet fir 5 grouss Wandrieder do ze bauen déi e staarken negativen Afloss op dat Gebitt hätten, dat vum raren Auerhong opgesicht gëtt.