De Claude Christ, gebuer de 5. Januar 1969 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Comiczeechner, deen ënner sengem Pseudonym Clod publizéiert. Seng Léier huet hien ënner anerem an der Belsch zu Léck op der Konschtakademie gemaach, wou hien a seng Schoulkolleegen den André Franquin an de François Walthéry heiansdo als Gaaschtprofesseren haten. Duerno huet hien ee Joer laang eng Ausbildung an den Disney-Studios zu Paräis gemaach an e Stage vun engem Mount zu New York bei Marvel.

Claude Christ
Gebuer 5. Januar 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg

Seng BD'e produzéiert a publizéiert hien ënner sengem eegene Label Blood Mood. Hien ass op villen auslännesche Comic-Festivallen an Däitschland, an der Belsch an a Frankräich ze begéinen an ass e reegelméissegen Invité um Comicfestival zu Conter. 2008 hueet en un der San Diego Comic Convention an de Vereenegte Staaten deelgeholl. De Moment schafft de Claude Christ als Landschaftsgäertner.

Wierker änneren

ënner dem "Blood Mood" Label:

  • Blood Moodi 1 & 2
  • Les Aventures de Monsieur Bomboni
  • The Super Gallo 1 & 2
  • The Magic Scritch
  • Das Buch der Dicken 1 & 2
  • Das Dicke Buch der Dicken (Sammelband)
  • Prehistoria 1
  • Prehistoria 1 & 2 (Sammelband)

ënner dem "Ni Rei" Label:

  • Prehistoria tome 1,2 &3
  • Prehistoria tome 4 (an Aarbecht)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren