Claire Bretécher

franséisch Zeenaristin a Comiczeechnerin

D'Claire Bretécher, gebuer de 17. Abrëll 1940 zu Nantes, a gestuerwen den 11. Februar 2020 zu Paräis[1], war eng franséisch Comic-Zeechnerin an Auteurin.

Claire Bretécher
Gebuertsnumm Claire Marie Anne Bretécher
Gebuer 17. Abrëll 1940
Nantes
Gestuerwen 11. Februar 2020
10. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Comicauteur
Famill
Bestuet mat Guy Carcassonne

Liewen änneren

D'Claire Bretécher huet hir Carrière als Comiczeechnerin 1963 mat enger Zesummenaarbecht mam René Goscinny ugefaangen. Vun 1965 bis 1966 huet si fir d'Comic-Zäitschrëft Tintin geschafft. 1969 koum Cellulite eng éischt Kéier an der Comic-Zäitschrëft Pilote eraus.

Vun der Mëtt vun den 1970er Joren un huet se hir Serie Les frustrés am Le Nouvel Observateur publizéiert. Vun 1988 un huet si Geschichten ëm d'Haaptfigur Agrippine gemoolt a geschriwwen.

1972 huet si mam Marcel Gotlib an dem Nikita Mandryka d'Zäitschrëft L'Écho des savannes gegrënnt, déi de Wee fräigemaach huet fir méi eng erwuesse Bande dessinée.

1982 huet si um Festival International de la Bande Dessinée d'Angoulême de Grand Prix de la Ville d'Angoulême gewonnen. 2016 gouf si um Comic-Salon Erlangen mam Max-und-Moritz-Preis ausgezeechent.

Wierk a Stil änneren

Hir meescht weiblech Figure setze sech mat de gesellschaftlechen Alldagsproblemer vun hirer Zäit auserneen, am Spannungsfeld vun de gesellschaftlechen Normen, der Kierch an dem Feminismus.

Hiren Zeechestil ass liicht z'erkennen; en ass éischter minimalistesch an ass zwar nach un der Ligne claire orientéiert, ma den Text spillt eng gläichberechtegt wichteg Roll nieft dem Bild.

Publikatiounen änneren

Cellulite änneren

  • Les états d'âme de Cellulite. 1972
  • Les angoisses de Cellulite. 1974.

Les frustrés änneren

  • Les frustrés. 1975
  • Les frustrés 2. 1977
  • Les frustrés 3. 1978
  • Les frustrés 4. 1979
  • Les frustrés 5. 1980

Agrippine änneren

  • Agrippine. 1988
  • Agrippine prend vapeur. 1991
  • Les combats d'Agrippine. 1993
  • Agrippine et les inclus. 1995.
  • Agrippine et l'ancêtre. 1998.
  • Agrippine et la secte à Raymonde. 2001.
  • Allergies. 2004.
  • Agrippine déconfite

Aner änneren

  • Salades de Saison. 1973
  • Les Gnangnan. 1976
  • Baratine et Molgaga. 1977
  • Le bolot occidental. 1977.
  • Fernand l'orphelin. 1977.
  • Le cordon infernal. 1978.
  • La vie passionnée de Thérèse d'Avila. 1980
  • Les mères. 1982
  • Le destin de Monique. 1984
  • Docteur Ventouse, bobologue. 1985
  • Docteur Ventouse, bobologue 2. 1986
  • Tourista. 1989
  • Mouler, démouler. 1996.
  • Moments de lassitude. 1999.

Um Spaweck änneren

Commons: Claire Bretécher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Décès de Claire Bretécher" op dargaud.com