Cipri Adolf Bermann

däitsche Sculpteur

De Cipri Adolf Bermann, gebuer de 25. August 1862 zu Vöhrenbach am Schwarzwald an de 27. Mee 1942 zu Lëtzebuerg gestuerwen, war en däitsche Sculpteur

Cipri Adolf Bermann
Gebuer 25. August 1862
Vöhrenbach
Gestuerwen 17. Mee 1942
Lëtzebuerg
Nationalitéit Däitscht Räich
Aktivitéit Sculpteur
"Le Centaure", Bronze, Park vum Thermalbad zu Munneref

No enger Léier zu Furtwangen goung hien op München an op Zürich, wou en um Polytechnikum ënner anerem Architektur studéiert huet. Vun 1889 un huet en zu München gewunnt, wou en eng Sculpteursschoul geleet huet. Vun 1903 un, war e Member vun der Vereenegung "Deutscher Künstlerbund". Hie gouf zu München, Dresden a Paräis ausgezeechent. Säi Wierk zeechent sech duerch monumental Gréisst, déifdréngend Psychologie a gesond Natierlechkeet aus.

Zu Lëtzebuerg steet eng Bronze vum Cipri Adolf Bermann, "Le Centaure", am neie Jardin français virun der Orangerie am Park vum Thermalbad zu Munneref. Dës Bronze gouf dem Thermalbad vum Nationale Geschichts- a Konschtmusée zur Verfügung gestallt.

Um Spaweck änneren

Commons: Cipri Adolf Bermann – Biller, Videoen oder Audiodateien