De Ciné Scala ass e Kinoskomplex mat fënnef Säll zu Dikrech. E goung den 20. Juni 2017 op. Bis dohi gouf et och schonn e Kino ënnert deem Numm, deen am Veräinshaus an der Jang-de-Blanne-Strooss installéiert war.

Den neie Scala

Geschicht änneren

 
Den ale Kino Scala an der Jang-de-Blannen-Strooss

De fréiere Kino Scala war an engem Gebai amenagéiert, dat 1916 als kathoulescht Veräinshaus gebaut ginn ass, an dat bis Enn 1960 vun den „Oeuvres Paroissiales“ vun Dikrech exploitéiert ginn ass. Zanter der Mëtt vun den 1970er Jore gouf d'Gebai vun der Dikrecher Gemeng gelount.[1]

E puer Ferventen, ënner anerem de fréieren Direkter vum Lycée classique de Diekirch, de Robert Bohnert, hunn an den 1970er Joren e Ciné-Club gegrënnt, dee geleeëntlech 16-mm-Filmer gewisen huet. Vun 1983 un, si reegelméisseg Filmer am 35-mm-Format gespillt ginn.

No an no ass de Kino mat finanzieller Bedeelegung vun der Gemeng nei ageriicht ginn:

  • Et sinn nei Still kaaft ginn;
  • Eng nei Sonorisatioun gouf agebaut;
  • De Sall gouf nei ugestrach;
  • En neien Ecran gouf montéiert;
  • De "Bauer"-Projekter gouf mat enger Xenon-Luucht ausstafféiert.

De 26. Februar 2010 gouf d'Gebai als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

2016 huet d'Gemeng decidéiert, en neie Kino um Terrain vun der fréierer Seeërei, deen der Gemeng gehéiert, ze bauen, an de Veräinsbau mam ale Kino dra misst renovéiert ginn. D'Besëtzverhältnesser vum ale Gebai sinn onkloer: et ass vun der Kierch opgeriicht ginn, ma Dikrecher Leit waren iwwer Aktien un de Käschte bedeelegt. Wéi dës Pabeieren europawäit ofgeschaaft goufen, goufe se nominativ op d'Kierchefabréck androe gelooss. Déi géif ewell gär d'Gebai deklasséiere loossen, fir dodran oder an d'Plaz e Bauprojet fir sozial Wunnenge mat engem Promoteur realiséieren ze loossen.[1]

Technesches änneren

Den neie Scala änneren

Dat neit Gebai huet 5 Säll, mat am Ganze 472 Sëtzplazen. All Sall ass mat engem digitale Projekter mat 4K-Opléisung ekipéiert. De gréisste Sall bitt als eenzege Sall zu Lëtzebuerg Toun am Dolby Atmos Sound System un. Déi aner Säll si mat Dolby Digital 7.1 ekipéiert.[2]

Den 13. Juni 2017 soll den Dikrecher Gemengerot decidéieren, ob d'Gebai fir 20 Joer vun der Gemeng gelount géif oder ob et vun hir kaaft géif. Virun dräi Joer war am Gemengerot e Contrat de bail mat Option d'achat gestëmmt ginn. Den Terrain, op deem de Kinoskomplex steet, gehéiert der Dikrecher Gemeng. D'Gebai selwer gehéiert der Sàrl "Dikrecher Kino", déi och Bauhär vum Komplex ass.[3]

D'Gemeng huet och wëlles, de Kino z'exploitéieren. Dofir wieren 10-12 Leit Personal noutwendeg.

Den ale Scala änneren

De Sall huet 138 Sëtzplazen. De Projektiounsapparat Bauer ass ekipéiert fir 35-mm-Filmer.

Dräi Objektiver stinn zur Verfügung fir verschidde Film-Ratioen:

Den Tounsystem fiert mat Dolby SR oder mat dts iwwer JBL Lautsprecheren.

Den Ecran ass 10 Meter breet a 4 Meter héich.

De Kino gouf vun der Gemeng bedriwwen.

De Kino Scala ass un Centre des Diffusiouns Cinématographiques ugeschloss a kritt d'Filmer iwwer dee Reseau.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Ciné Scala: Wat geschitt mat der Dikrecher Institutioun?" rtl.lu, 28.11.2016, 09:40:18.
  2. "De Cineplex Scala huet en Dënschdeg seng Dieren opgemaach." rtl.lu, 21.06.2017, 09:34:22.
  3. Carole Schimmer / ys: "Ouverture vum neie Kino zu Dikrech." 100komm7.lu, 02. Juni 2017 - 16:41.