De Chrysostome Keiffer, gebuer de 25. Februar 1803 zu Iechternach an do gestuerwen den 13. Juni 1881, war en Iechternacher Blofierwer a Gemengepolitiker.[1]

Chrysostome Keiffer
Gebuer 25. Februar 1803
Gestuerwen 13. Juni 1881
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Seng Eltere waren de Chrysostome Keiffer an d'Appolonie Aubart. De 7. Juni 1848 huet hie sech mat der Madeleine Limpach bestuet.[2]

Hie war jorelaang Member vum Iechternacher Gemengerot a Buergermeeschter vum 24. Abrëll 1849 (Datum vun der Nominatioun) bis den 23. Dezember 1854.[2] Den 22. Januar 1867 gouf hie Schäffen.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 J.A. Massard: Echternach und die Cholera. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1 (1988), S. 214.
  2. 2,0 2,1 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.