Christophe Ley
De Christophe Ley, gebuer 1984[1] ass e lëtzebuergesche Statistiker[2], an Auteur an Editeur vu Bicher iwwer Direktionell Statistiken a Sportstatistiken.
Christophe Ley | |
---|---|
Gebuer |
1984 Lëtzebuerg |
Educatioun |
Université libre de Bruxelles, Université libre de Bruxelles |
Aktivitéit | Mathematiker, Universitéitsprofesser |
Hien ass President vun der Luxembourg Statistical Society.[3]
Studien a Karriär
ännerenDe Chistophe Ley huet op der Université libre de Bruxelles (ULB) Mathematik a Statistik studéiert an do e phD gemaach. Hie war dono bis 2015 Chargé de recherche beim Fonds national de recherche scientifique op der ULB, ier en dann Assistent-Professer op der Universitéit Gent gouf.[4] 2021 ass hien op d'Universitéit Lëtzebuerg gewiesselt, wou en zanterhier als Associéierte Professer enseignéiert.[5]
Publikatiounen (Auswiel)
ännerenAuteur
- mam Thomas Verdebout: Modern Directional Statistics (CRC Press, 2017)
Editeur
- mam Thomas Verdebout: Applied Directional Statistics: Modern Methods and Case Studies (CRC Press, 2018).
- mam Yves Dominicy: Statistics Meets Sports: What We Can Learn from Sports Data (Cambridge Scholars Publishing, 2023).
Referenzen
änneren- ↑ fiche op ugentmemorialis.be, nogekuckt: 25.11.2024.
- ↑ Hélène Jacuszin: SciLux podcast - Christophe Ley, associate professor in Applied Statistics. research.luxembourg.org, 17.01.2023
- ↑ Luxembourg Statistical Society. fenstats.eu, nogekuckt: 18.08.2024
- ↑ Christophe Ley op uclouvain.be.
- ↑ "Luxembourg Statisticians Publish Book Combining Sports & Statistics ". chronicle.lu, 10.07.2024.