Christoph Brouwer

Jesuitt an Historiker

De Christoph Brouwer (latiniséiert: Christophorus Brouwerus), gebuer den 10. November 1559 zu Arnhem, gestuerwen den 2. Juni 1617 zu Tréier, war e Jesuitt an Historiker.

Christoph Brouwer
Gebuer 10. November 1559
Arnhem
Gestuerwen 2. Juni 1617
Tréier
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Däitschland, Kurtréier
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Priister
Fuldensium antiquitatum libri III

Den 12. Mäerz[1] 1580 ass hien zu Köln[1] (an net zu Tréier, wéi et alt an der Literatur ze fannen ass)[2] an de Jesuittenuerden opgeholl ginn. Säin Noviziat huet hien allerdéngs zu Tréier gemaach. Vu 1601 bis 1605 war hie Rektor vum Jesuitenkolleg vu Fulda. 1606 ass hien op Tréier zeréckkomm, wou hien op der Universitéit Tréier Philosophie enseignéiert a sech intensiv mat senge wëssenschaftlechen Aarbechte beschäftegt huet.[3]

Annalium Trevericorum... libri

änneren

Dréisseg Joer laang huet hien u sengem Haaptwierk, Annalium Trevericorum … libri, an deem hien d'Geschicht vun der Stad an der Diözees Tréier niddergeschriwwen huet, geschafft. De Manuskript war 1591 praktesch fäerdeg; et huet awer bis 1626 gedauert bis datt d'Wierk zu Köln beim Bernhard Gualther an den Drock sollt goen. Op Interventioun vum Tréierer Äerzbëschof Philipp Christoph von Sötern ass den Drock vum Buch awer gestoppt an d'Drockvirlag confisquéiert ginn. Den Drécker ass nach am selwechte Joer gestuerwen, a seng Wittfra huet déi fäerdeg Drockbéi als Pakpabeier un d'Apdikter an d'Gewierzhändler verkaaft. Nëmmen e puer Exemplaire vum Buch konnte gerett ginn. Dës éischt Editioun (1626)[4] huet aus 18 Deeler (Bicher / lat. libri) bestanen.[5]

Déi definitiv Versioun vum Brouwer sengen Annale ass eréischt 1670 an 2 Bänn an der Dréckerei vum Jean Mathias Hovius zu Léck erauskomm. Den Text war vum Jesuitt Jacob Masen (Masenius) revidéiert an ëm dräi Deeler (Libri 23-25) erweidert ginn. Den Titel war elo: Antiquitatum et annalium Trevirensium libri XXV. D'Wierk gëtt an der Fachwelt och nach ënner dem Numm Antiquitates et Annales Trevirenses zitéiert. Nieft der Ausgab vu 1670 gëtt et nach eng zweet vu 1671.[5]

Publikatiounen (Auswiel)

änneren
  • Brouwer, C. Fuldensium antiquitatum libri III. Antwerpen 1612. [2] [3]
  • Brouwer, C. Sidera illustrium et sanctorum virorum qui Germaniam praesertim Magnam olim gestis rebus ornarunt… Moguntiae (Mainz): ex officina typographica Joannis Albini, 1616. [4]
  • Brouwer, C.: Annalium Trevericorum... libri xviii. Köln 1626.[6]
  • Brouwer, C. & J. Masen: Antiquitatum et annalium Trevirensium libri XXV duobus tomis comprehensi... Hovius, Leodii (Léck) 1670 (2 Bänn).[6]
  • Brouwer, C. & J. Masen: Antiquitatum et annalium Trevirensium libri XXV duobus tomis comprehensi... Hovius, Leodii, 1671 (2 Bänn).
    - Band 1 [5]
    - Band 2 [6]
  • Brouwer, C. & J. Masen: Metropolis ecclesiae Trevericae..., emendavit, auxit et edidit Chr. v. Stramberg. Koblenz 1855/1856 (2 Bänn).[6]
    - Band 1 [7]
    - Band 2 [8]

Literatur

änneren
  • ADB, 1876. Bd.: 3, Bode - v. Carlowitz. Leipzig 1876, S. 368-369. [9]. - Berichtigung: ADB 18 (1883), S. 794. [10]
  • DBE, 2001. Deutsche biographische Enzyklopädie (DBE). Band 2: Bohacz - Ebhardt. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, S. 147.
  • Embach, M., 1991. Christoph Brouwer (1559-1617). In: Für Gott und die Menschen. Die Gesellschaft Jesu und ihr Wirken im ehemaligen Erzbistum Trier. Trier, S. 303-307.
  • Embach, M., 2007. Der Jesuit Jakob Masen (1606-1681) als Geschichtschreiber. In: Spee-Jahrbuch, 14 (2007), S. 77-96. [11]
  • NDB, 1955. Neue Deutsche Biographie. Bd. 2, S. 639. [12]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 ADB 1876.
  2. DBE 2001. NDB 1955.
  3. Embach 1991, S. 303.
  4. ADB 1876, NDB 1955 an DBE 2001 schreiwen iertemlecherweis: 1629.
  5. 5,0 5,1 Embach 2007.
  6. 6,0 6,1 6,2 Schrifttumsverzeichnis zu "Die Inschriften der Stadt Trier I (bis 1500)" (Die Deutschen Inschriften 70). Wiesbaden 2006. [1]

Um Spaweck

änneren
Commons: Christoph Brouwer – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Deutsche Biographie: Brouwer, Christoph. [13]
  • The Original Catholic Encyclopaedia. [14]