Christian Thiry

lëtzebuergeschen Dréibuchauteur

De Christian Thiry, gebuer de 7. Juli 1976 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Dréibuchauteur.

Hien huet vun 1996 bis 1999 zu Leicester an England Media a Film studéiert an 2001 säi Master fir Screenwriting zu Sydney an Australien gemaach.

1995 huet hien de Gedichtband Shadows of Love publizéiert.

Zesumme mam Jean-Claude Schlim huet hien d'Dréibuch vum House of Boys geschriwwen, deen 2009 zu Lëtzebuerg an de Kino koum an am selwechte Joer de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Spillfilm krut.

  • Shadows of Love (1995)

Um Spaweck

änneren