Chineesesche Kierfecht vun Nolette

De chineesche Kierfecht vun Nolette ass e Kierfecht um Territoire vun der franséischer Gemeng Noyelles-sur-Mer, op deem chineesesch Zivilaarbechter, déi an der Zäit vum Éischte Weltkrich fir d'brittesch Arméi a Frankräich geschafft hunn, begruewe leien. Et ass de gréisste chineesesche Kierfecht a Frankräich an an Europa.

Chineesesche Kierfecht vun Nolette
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Somme
Gemeng Noyelles-sur-Mer
Griewer 849
Koordinaten 50° 11’ 10’’ N 01° 43’ 21’’ O