Den Chasey Negro, Kënschtlernumm vum Samuel Fall,[1] ass e lëtzebuergesche Rapper, dee Musek op Englesch mécht.

Chasey Negro

Liewen a Karriär änneren

Als Kand huet den Chasey Negro vill senegaleesesch a franséisch Musek gelauschtert. Säi Papp ass aus dem Senegal.[2] Am Ufank huet hien op Lëtzebuergesch gerappt.[3] 2019 koum säin éischte Mixtape Boy Dirt, Vol.1 eraus, deen op Englesch ass. Op deem Mixtape ass ënner anerem den Titel Cozy ze fannen. D'Joer drop huet hien d'Single Trophy erausbruecht, déi iwwer 20.000 Mol gestreamt gouf.[4]

2021 huet den Chasey Negro den Newcomerfestival Screaming Fields gewonnen[5],[6] an duerno nach e puer Singelen erausbruecht. Am Oktober 2022 war hien den Opener fir den US-amerikanesche Rapper Lil Tecca am Club vun der Rockhal.[7] Am selwechte Joer ass hien och um Diddelenger Festival Usina 22 opgetrueden, deen am Kader vun Esch 2022 organiséiert gouf.[8]

Zesumme mam Médar hat den Chasey am Februar 2023 dunn en eegene Concert um "Floor" vun der Rockhal.[9] Wärend sengem Studium op der Museksschoul zu Den Haag huet den Chasey Negro mam Wiener Produzent VinceB en Album opgeholl. Dee koum am Mee 2023 ënnert dem Titel Between the Stars op de Maart.[3],[4] Een Extrait dovunn ass Weirdly Wired. Am Summer hat hien nach en Optrëtt um e-Lake Festival.[10]

Diskografie änneren

  • 2019: Boy Dirt, Vol. 1 (Mixtape)
  • 2023: Between the Stars (Album)

Singelen änneren

  • 2020: Trophy
  • 2020: Rainy Dayz
  • 2020: Brain Damage
  • 2021: Work
  • 2023: Flying 2 Space (feat Ninon)
  • 2023: You
  • 2023: Act a Fool
  • 2023: Practice

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. lem.lu: Samuel Fall s’impose comme meilleur jeune talent au Screaming Fields Festival
  2. play.rtl.lu: Chasey Negro guests + a look at Screaming Fields today/over the years! (8. Juli 2023)
  3. 3,0 3,1 lessentiel.lu: Von Luxemburgisch auf Englisch – Rapper erzählt von Sprachwechsel (11. Juni 2023)
  4. 4,0 4,1 land.lu: Dirtboy fait du clean vum Godefroy Gordet (14. Juli 2023)
  5. today.rtl.lu: Chasey Negro and Lara Grogan wow with winning performances (11. Juli 2021)
  6. wort.lu: Chasey Negro stürmt "Screaming Fields" vum Daniel Conrad (11. Juli 2021)
  7. Informatioun iwwer de Concert op rockhal.lu
  8. lequotidien.lu: Esch 2022 Pleins feux sur les festivals à Dudelange (27. Mee 2022)
  9. Informatiounen iwwer de Concert op rockhal.lu
  10. zlv.lu: e-Lake festival 2023 (5. August 2023)