Den Charles "Charlie" Robert Watts, gebuer den 2. Juni 1941 zu Bloomsbury, Metropolitan Borough of Holborn, am Middlesex, a gestuerwen de 24. August 2021 zu London[1], war e brittesche Museker. Zanter dem Januar 1963, deemno praktesch zanter hirer Grënnung, war hie Batteur an der Bluesrock-Band The Rolling Stones.

Charlie Watts
Gebuer 2. Juni 1941
London
Gestuerwen 24. August 2021
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Batteur, Perkussionist, Museker, Rockmuseker, Jazzmuseker
Member vun The Rolling Stones
Charlie Watts (2010)

Säi Markenzeeche war en dréchenen, direkte Beat, deen d'rhythmesch Fundament vun der Band forméiert huet. 1989 gouf en zesumme mat hir an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

An den 1970er- an 1980er-Jore war de Watts laang alkoholofhängeg, hie konnt sech awer duerch Selbstdisziplin a Konsequenz mat Succès vun där Sucht lassmaachen. An den 80er-Joren ass hie mat senger eegener Big Band op den Tour gaangen, an där och Museker wéi den Jack Bruce, den Evan Parker uan de Courtney Pine gespillt hunn. 2001 hue hien a Japan mat engem Jazz-Tentett gespillt.

Vun 2010 u war den Charlie Watts méi dacks mat der 2009 gegrënnter Band The ABC&D of Boogie Woogie ënnerwee.

Hie war zanter 1964 mat senger Fra Shirley bestuet, hat mat hir eng Duechter, an se hunn zesumme Päerd geziicht.

Soloprojeten änneren

  • Rocket 88Rocket 88 (1981)
  • Live – Fulham Town Hall – The Charlie Watts Orchestra (1986)
  • Tribute to Charlie Parker with Strings – Charlie Watts (1992)
  • From One Charlie – Charlie Watts Quintet (1992)
  • Warm & Tender – Charlie Watts (1993)
  • Long Ago & Far Away – Charlie Watts (1996)
  • Charlie Watts/Jim Keltner Project – Charlie Watts & Jim Keltner (2000)
  • Watts at Scott's (live) – Charlie Watts & The Tentet (2004)
  • The Magic of Boogie Woogie – Charlie Watts, Axel Zwingenberger, Dave Green (2010)
  • Boogie 4 Stu – A Tribute to Ian StewartBen Waters (2011)
  • Live in Paris – The ABC&D of Boogie Woogie (2012)
  • Charlie Watts Meets the Danish Radio Big Band (2017)

Literatur änneren

  • Charlie Watts: Der swingende Stein (Interview) Jazzthetik 95 (2012): 56–58

Um Spaweck änneren

Commons: Charlie Watts – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Rolling-Stones-Schlagzeuger Charlie Watts ist tot." spiegel.de, 2021-08-24.