Charles de Gaulle (R91)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fligerdréier Charles de Gaulle (R91). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Charles de Gaulle (Homonymie).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Charles de Gaulle Atomare Fligerdréier
Daten French Navy Jack
Bauwerft DCN, Brest
Stroumproduktioun 2 nuklear Drockwasserreakteren K15
Längt 261,5 m
Breet (Flugdeck) 64 m
Breet (Romp) 31,5 m
Déifgank 11,9 m
Gewicht 40.500 Tonnen
Héchstvitesse 27 Kniet (50 km/h)
Katapulten Dampkatapulten
(identesch mat deene vun der Nimitz-Klass).
Fliger 40 Maschinnen, ë. a.
Besatzung Matrousen: 1.150
Fluchpersonal: 600
Bewaffnung 4 SYLVER-Rakéitewerfer mat Ofwierrakéite vum Typ MBDA Aster 15

2 x Sadral-Systemer mat Loftofwierrakéiten Mistral
8 x 20-mm-Kanoune vom Typ Giat 20F2.

An Déngscht gestallt Abrëll 2001

D'Charles de Gaulle, d'Flaggschiff vun der Franséischer Marinn, ass en nuklear ugedriwwene Fligerdréier. En ersetzt d'Fligerdréier Foch a Clemenceau an ass nom franséische Generol a Staatschef Charles de Gaulle benannt.

D'Charles de Gaulle ass dat gréisst Schëff vun der franséischer Marinn an eent vun de gréisste Krichsschëffer, dat jeemools an Europa gebaut gouf.

Allgemenges

änneren

D'Charles de Gaulle (NATO-Kennung R 91) ass am Verglach zu deene vun den USA agesate Fligerdréier relativ kleng. Si ass 261,5 m lang, 64,36 m breet a 75 m héich. Bei engem Tonnage vu 40.600 Tonnen huet se eng Besatzung vun zirka 1.950 Mann a kann als Truppentransporter zousätzlech 800 Zaldoten ophuelen. D'Fläch vum Fluchdeck beleeft sech op zirka 12.000 m², d'Hangaren hunn eng Fläch vun zirka 4.600 m².

D'Charles de Gaulle gëtt atomar ugedriwwen a kann ouni Beschränkungen 1.000 km am Dag zeréckleeën. D'Schëff kann theoreetesch bis zu 45 Deeg autonom operéieren.

Ekipéiert ass et an der Reegel mat 40 Fligere vun den Typpen:

Bei enger Asazdauer vu 7 Deeg kënne maximal 100 Flich pro Tag gemaach ginn. De minimalen Zäitofstand tëscht zwéi Starte respektiv Landungen ass 30 Sekonnen.

Um Spaweck

änneren
Commons: Fligerdréier Charles de Gaulle – Biller, Videoen oder Audiodateien