Den Charles W. Juels, gebuer am Joer 1944 zu New York City a gestuerwen den 21. Januar 2009 war en US-amerikaneschen Amateurastronom.

Charles W. Juels
Gebuer 1944
New York
Gestuerwen 21. Januar 2009
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Psychiater, Dokter

Am Zäitraum vun 1999 bis 2009 hat hien 316 Asteroiden entdeckt a war domat ee vun den erfollegräichsten Asteroidejeeër[1]. Seng Entdeckungen huet hien als pensionéierte Psychiater a sengem privaten Observatoire zu Fountain Hills am US-Bundesstaat Arizona gemaach.

Den 28. Dezember 2002 hunn de Juels an de Paulo R. Holvorcem zesumme mat Hëllef vun hirer CCD-Kamera de Koméit C/2002 Y1 entdeckt. Dofir krute si den Harvard-Smithsonian Comet Award 2003[2].

Den Asteroid (20135) Juels gouf den 9. Mäerz 2001 no him genannt.

Referenzen änneren

  1. [1] Ranglëscht vun den Asteroidenentdecker
  2. [2] Iwwerreeche vun de Comet Awards 2003