Charles Munchen (1934)

Lëtzebuerger Geschäftsmann, Konschtsammler a Mäzen (*1934)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geschäftsmann Charles Munchen. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Munchen.

De Charles Munchen (oder München[1]), gebuer den 21. September 1934 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Geschäftsmann, Konschtsammler a Mäzen.

Charles Munchen
Gebuer 21. September 1934
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun, Konschtsammler, Mäzen

Hien ass “de leschte vun de Munchen[2], enger al agesiessener Lëtzebuerger Famill, där hir Originne bis an d'spéit 18. Joerhonnert zeréckginn. Hien huet Souveniren a Konschtwierker, déi iwwer d'Generatiounen an d'Familljeproprietéit koumen, gesammelt. Dorënner sinn z. B. e Munkácsy-Portrait vun der Marie Munchen oder eng Serie vun Duell-Pistoulen. Reegelméisseg mécht hien Donen aus der Sammlung u Muséeën, wéi z. B. de Musée Dräi Eechelen.

Marie Munchen, e Portrait vum Mihály Munkácsy (Ueleg op Holz, ëm 1880)

De Geschäftsmann Munchen hat Galerien op verschidden Adressen an der Uewerstad a war och Matgrënner vun deemools “branchéierte” Lokaler wéi de Café Interview oder d'Restauranten Club-5, Osteria a Brasserie Guillaume.

De Charles Munchen ass d'Kandskand vum fréiere Stater Buergermeeschter Alphonse Munchen.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. iwwert d'Schreifweis vum Numm, kuckt wgl Munchen, München oder Muenchen? op der Säit iwwert d'Famill Munchen
  2. François Reinert, Le dernier des Munchen. MNHA_M3E MUSEOMAG I - 2022. MNHA (01.2022). Gekuckt de(n) 10.01.2022.