Charles Goodyear

US-amerikanesche Cheemiker an Erfinder

Den Charles Nelson Goodyear, gebuer den 29. Dezember 1800 zu New Haven, am Connecticut, a gestuerwen den 1. Juli 1860 zu New York, war en US-amerikanesche Cheemiker, Erfinder an Amateurfuerscher.

Charles Goodyear
Gebuer 29. Dezember 1800
New Haven
Gestuerwen 1. Juli 1860
New York
Nationalitéit USA
Aktivitéit Erfinder, Chimist, Ingenieur, Geschäftspersoun

Hien huet de Procédé vun der Vulkanisatioun vum Kautschuk an d'Industrie agefouert a sou d'Basis fir déi haiteg Kautschukindustrie geschaf. Hien ass den Erfinder vum Gummi, deen entsteet, wann ee Kautschuk mat Schwiefel erhëtzt.

Och de Kondom aus Gummi (an deen ëmgangssproochlech och sou genannt gëtt) gouf 1855 vum Goodyear entwéckelt an dono industriell produzéiert.

Den Charles Goodyear hat wéineg Succès als Geschäftsmann. Trotz senge Patenter, déi besonnesch fir d'Autosindustrie herno wichteg sollte ginn, hat hie bis zu sengem Doud kee Su an der Täsch a war souguer e puermol zu Prisongsstrofe verurteelt ginn, well e seng Scholden net erëmbezuele konnt.

Ausbléck änneren

38 Joer nom Charles Goodyear sengem Doud hunn de Frank an den Charles Seiberling eng Pneuefabréck gegrënnt, déi se, zu Éiere vum Charles Goodyear, Goodyear Tire & Rubber Company genannt hunn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren