Charles Grethen

(Virugeleet vu(n) Charel Grethen)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Charles, genannt Charel Grethen, gebuer den 2. Juni 1992[1] zu Tënten, ass e lëtzebuergesche Liichtathleet.

Charles Grethen
Gebuer 2. Juni 1992
Tënten
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Mëttelstreckeleefer
Kompetitiounsklass 800-Meter-Laf

Hie war 2016 bei den Olympesche Summerspiller zu Rio mat derbäi, wou hien am 800-Meter-Laf gestart ass[1].

2021 huet hie bei den Olympesche Summerspiller zu Tokyo beim 1500-Meter-Laf matgemaach. Hien huet sech am Virlaf fir d'Halleffinall qualifizéiert, an dunn och nach fir d'Finall - mat engem neie Lëtzebuerger Rekord vun 3'32,86". Do gouf hie mat enger Zäit vun 3'36,80" den 12. vun 13[2].

De Charel Grethen gouf zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2021 gewielt.

Den 8. Sepetember 2023 huet hien zu Tréier mat 7'43"41 en neie Landesrekord op 3000 m opgestallt an den Dag drop huet hien dem Justin Gloden säi Rekord vun 1978 op den 2000 m op 5'05"40 erofgeschrauft.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Joe Geimer, „Es ist verrückt”, Interview mam Charel Grethen am Luxemburger Wort vum 06.08.2021, S.30-31

Um Spaweck änneren

Commons: Charles Grethen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche op teamletzebuerg.lu (gekuckt 2016-08-09).
  2. Olympesch Spiller: Charel Grethen gëtt den 12. iwwer 1500 Meter. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-07.