Challenge Peters Sports

Den Challenge Peters Sports ass eng Kompetitioun am Cross country a gëtt zu Lëtzebuerg all Joer an allen Altersklassen ausgedroen. D'Kompetitioun besteet aus engem Generalklassement, deen op de Resultater vu 6 Cross-Leef plus engem Championnat baséiert. Den Organisateur ass d'FLA an den Haaptsponsor ass Peters Sports, e Geschäft fir Sportsartikelen.

All Athleeten déi bei engem lëtzebuergesche Liichtathleetikveräi lizenzéiert sinn, dee Member vun der FLA ass, kënne matmaachen.

De Punktesystem änneren

Op all Cross gëtt et Punkten. Den Éischte kritt 100 Punkten, den Zweeten der 90, asw. Nëmmen déi 3 bescht Crosse vun all Athleet gi gezielt. Zousätzlech gëtt et 10 Punkte Bonifikatioun, wann een der 3 gelaf ass (ouni Championnat). Um Championnat ginn 1,5x méi Punkte verdeelt. Gewënner vum Challenge ass, wien um Schluss vun der Saison déi meescht Punkten huet.

Palmarès (Senioren) änneren

Joer Männer Punkten Fraen Punkten
2002/2003 Vincent Nothum 340 Line Dupont 345
2003/2004 ? ? ? ?
2004/2005 Oman Errachidi 350 Pascale Schmoetten 360
2005/2006 Christian Thielen 310 Mariella Baum 300
2006/2007 Roger Königs 335 Véronique Hansen 320
2007/2008 Pascal Groben 340 Ulrika Gunnarsson 335
2008/2009 Stefan Kornelis 320 Pascale Schmoetten (2) 345
2009/2010 Vincent Nothum (2) 330 Tania Ley-Fransissi 330
2010/2011 David Karonei 290 Sandra Huberty 315
2011/2012 Pascal Groben (2) 315 Tania Ley-Fransissi (2) 305
2012/2013 Yonas Kinde 350 Martine Mellina 335