Centre européen Schengen
De Centre européen zu Schengen ass e Gebai mat Versammlungsraim an engem Musée mat enger Dauerausstellung iwwer d'Schengener Ofkommes.
![]() | |
Typ | historesche Musée |
---|---|
Lokalisatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Schengen |
Koordinaten | 49°28'14,999"N, 6°21'58,000"O |
Gestioun | |
Visiteuren/Joer | |
Um Spaweck | https://www.visitschengen.lu/musee-europeen/ |
Gebai | |
Kollektioun | |
Exponater | |
![]() |
Op 200 Quadratmeter ginn d'Leit alles Wëssenswäertes iwwer d'Geschicht vum Schengener Ofkommes gewuer. An der interaktiver Dauerausstellung kann ee sech historesch Fotoen a Filmer ukucken. Zu der Ausstellung gehéiert ausserdeem eng interaktiv Kaartenanimatioun, wou ee gesäit wéi d'Grenzen an Europa sech säit 1815 verännert hunn, een Europa-Puzzle, an e "Schengen- Pass" Automat, wou all Visiteur sech säin eegene Schengen-Pass als Souvenir ausdrécke kann.
Geschicht
ännerenDen Europazenter gouf 2005 am Gebai vun der fréierer Schwemm vum Klouschter vu Schengen ageriicht.[1] 2010 gouf den Zenter ëmgebaut and den 13. Juni 2015, genee 25 Joer no der Ënnerzeechnung vum Schengener Ofkommes, gouf den Europa-Musée ageweit.[1]
D'Gebai gehéiert der Administratin des bâtiments publics, also dem Lëtzebuerger Staat. De Musée gëtt vum Veräin Schengen asbl gefouert.[1]
Am Mee 2016 hat en Deel vum Plaffong sech lassgeléist a war op d'Exponate gefall, woubäi awer kee Mënsch blesséiert gouf.
Biller
änneren-
D'Schengener Ofkommes vun 1985
-
Kape vun den Douaniere vun de Länner aus dem Schengen-Raum.
Um Spaweck
ännerenCommons: Musée Européen Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Musée Européen Schengen Visitschengen.lu (de)(fr)(en)
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 A.-A. Schmitz, 2016. Die Decke hängt weiter schief. Europamuseum in Schengen wird nicht vor dem Jahresende wiedereröffnet. Luxemburger Wort vum 5. August 2016, S. 22.