Cavendish-Laboratoire

De Cavendish-Laboratoire (en: Cavendish Laboratory) gouf 1873 gegrënnt. Et ass en Institut fir Physik an der englescher Eliteuniversitéit Cambridge.

Den Agank vum historeschen Cavendish-Gebai, Free School Lane

De Labo war ufanks am Zentrum vu Cambridge an der Free School Lane, ass awer wéinst feelender Plaz an de 1970er Joren no West Cambridge ëmgezunn. Déi Physikalesch Chimie war scho fréier ëmgezunn.

Si ass nom William Cavendish, 7. Duke of Devonshire, dem fréiere Kanzler vun der Universitéit, genannt (dofir och ufanks Devonshire Labor genannt) an als Undenken u säi berüümte Familljemember, den Experimentalphysiker Henry Cavendish.[1] Den Numm hat den éischte Cavendish Professer James Clerk Maxwell verginn.

Bekannt WëssenschaftlerÄnneren

Cavendish Professeren fir Physik:

Bis zum Pippard waren d'Cavendish Professeren och Leeder vum Labor, duerno hu sech d'Funktioune getrennt.

Am Ament (2012) ass den James Stirling Leeder vum Labor.

Cavendish Labor op der haiteger Standplaz, 2005

FuerschungÄnneren

Bis haut goufen 28 Nobelpräisser u Fuerscher verginn, déi am Cavendish-Laboratoire geschafft haten. Déi wichtegst Fuerschungsfelder waren dobäi Nuklearphysik (prominent vertrueden duerch de Lord Rutherford a seng Schoul), Atomphysik, Molekularphysik a Kristallographie, Festkierperphysik (zum Beispill Supraleedung), Elektronemikroskopie an Radioastronomie.

1953 haten den James Watson an de Francis Crick et fäerdegbruecht d'Desoxyribonukleinsaierstruktur duerzestellen.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Cavendish-Laboratoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Geschichte des Labors