Catherine Samba-Panza

zentralafrikanesch Politikerin

D'Catherine Samba-Panza, gebuer de 26. Juni 1954 zu Fort-Lamy, Tschad[1][2], ass eng zentralafrikanesch Politikerin. Si war vum 20. Januar 2014 bis den 30. Mäerz 2016 Interimspresidentin vun der Zentralafrikanescher Republik.

Catherine Samba-Panza
Gebuer 26. Juni 1954
N'Djamena
Nationalitéit Zentralafrikanesch Republik
Educatioun Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Onofhängeg

Liewen änneren

D'Catherine Samba ass am Tschad opgewues. Hire Papp kënnt aus Kamerun an hir Mamm aus der Zentralafrikanescher Republik. Si huet a Frankräich Droit studéiert[2] a war, ier s'an d'Politik gewiesselt huet, eng Geschäftsfra a Firmenaffekotin.[1]

Politik änneren

D'Samba-Panza gouf am Mäerz 2013 vum deemolegen De-facto-President Michel Djotodia als Buergermeeschtesch vu Bangui, der Haaptstad vun der Zentralafrikanescher Republik, agesat.

Den Djotodia, dee sech am Mäerz 2013 no engem Putsch selwer zum President erkläert hat, ass den 10. Januar 2014 op Drock vun der CEEAC, vu sengem Amt zeréckgetrueden.[3] Den 20. Januar 2014 huet d'Iwwerganksparlament d'Catherine Samba-Panza als Interimspresidentin vum Land gewielt. Si soll d'Regierung bis zu de geplangten Neiwalen am Februar 2015 féieren.[4]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Central African Republic MPs elect Catherine Samba-Panza, BBC News vum 20. Januar 2014, gekuckt: 20. Januar 2014.
  2. 2,0 2,1 Samba-Panza - Vom Rathaus in den Präsidentenpalast, Deutsche Welle, 20. Januar 2014. Gekuckt: 20. Januar 2014.
  3. Krise in Zentralafrika: Präsident Djotodia tritt zurück, Spiegel Online vum 10. Januar 2014. Gekuckt: 20. Januar 2014.
  4. Die Zeit für einen Einsatz in Zentralafrika drängt, Welt.de vum 20. Januar 2014. Gekuckt: 20. Januar 2014.