Rotatiounsparaboloid

E Rotatiounsparaboloid ass an der Mathematik eng Rotatiounsfläch, déi duerch d'Rotatioun vun enger Parabel ëm hir Symmetrieachs entsteet.

Eng rotéiert Parabel ergëtt e Rotatiounsparaboloid

Beispiller aus dem deegleche Liewen sinn Reflektoren vu Scheinwerfer oder Parabolspigel.

Wann een eng Flëssegkeet gläichméisseg ëm eng senkrecht Achs dréit, iwwerlageren sech Schwéierkraaft a Fléikraaft, an d'Flëssegkeetsuewerfläch hëlt d'Form vun engem Rotatiounsparaboloids un. Sou fonktionéiert d'Quecksëlwer-Teleskop. Op dës Aart a Weis kann een och Parabolspigel fir Spigelteleskope géissen, fir dono nët sou vill Material ofzeschläifen, well déi beim Goss erhalen Uewerfläch schonn e Rotatiounsparaboloid duerstellt.

Fir d'Benotze vu Rotatiounsparaboloiden als Spigel kuckt am Artikel iwwer déi sougenannt Parabolspigel.

De Rotatiounsparaboloid ass de rotatiounssymmetresche Spezialfall vum ellipteschen Paraboloid.

Mathematesch DuerstellungÄnneren

D'Formelen gëlle fir e Rotatiounsparaboloid, dat vun enger zu der z-Achs senkrechter Fläch an der Héicht   ofgeschnidde gëtt an do de Radius   huet.

Gläichung
 
Brennpunkt (s. Parabel)
 
Volumen
 
Uewerfläch (ouni Deckkreesfläch)
 
Héicht vum Schwéierpunkt