Caroline André

lëtzebuergesch Boxerin
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Caroline Théa André, gebuer den 13. Oktober 1981, ass eng lëtzebuergesch professionell Box-Sportlerin. Si ass déi éischt an eenzeg Profi-Boxerin zu Lëtzebuerg.[1]. Mat 27 Joer huet d'André de Boxpsort fir sech entdeckt[2].

Caroline André
Gebuer 13. Oktober 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer, Polizist

Si huet beim Boxing Club Diddeleng [3] débutéiert éier si bei de Boxing Club Rëmeleng gewiesselt ass. Do huet dann och 2013 hir Profiskarriär ugefaangen. Si gouf zweemol Championne Internationale du Luxembourg. 2019 huet d'André zu Déifferdeng e Boxclub, de Boxing Club Differdange[4] gegrënnt, vun deem si Presidentin an Trainerin ass.


Den 1. November 2020 gouf d'André Weltmeeschterin an der Gewiichtsklass Weltergewiicht bei der Royal Boxing Organization[5].

D'Caroline André wunnt zu Käerjeng an ass Polizistin[2].

Referenzen änneren

  1. http://www.rtl.lu/sport/archiv/all/485428.html
  2. 2,0 2,1 http://www.lequotidien.lu/sports/boxe-caroline-andre-quand-on-y-a-goute-cest-dur-de-sen-passer/
  3. http://www.tageblatt.lu/sport/caroline-andre-zu-den-profis-12093169/
  4. Home | Boxing Club Differdange. bcdifferdange. Gekuckt de(n) 2020-11-17.
  5. RBO boxing -. RBO boxing. Gekuckt de(n) 2020-11-17.