Carole Linster

lëtzebuergesch Biocheemikerin
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Carole Linster, gebuer 1978, ass eng lëtzebuergesch Biocheemikerin.

Carole Linster
Gebuer 1978
Aktivitéit Biochimist

Si huet zu Louvain-la-Neuve studéiert an a Biochimie promovéiert (Sujet: D'Entstoe vu Vitaminn C bei Mamendéieren).

Mat Hëllef vun enger Bourse vum lëtzebuergesche Fonds national de la recherche ass si op d'University of California in Los Angeles gaangen, wou si am Abrëll 2007 zesumme mat enger Ekipp vu Fuerscher ënner dem Steve Clarke d'Enzym "GDP-L-galactose phosphorylase" isoléiert krut, mat Hëllef vun deem d'Planzen de Vitaminn C synthetiséieren. Dës 7. Etapp vun der Biosynthes war bis dohin net entziffert.

Um Spaweck änneren